Cupcakes mat Figen, Salami a Sonneblummekären
2 Eeër
Eng Taass Mëllech
Olivenueleg
250 g Miel/ Vollkarmiel
10 g Backpulver
Salz, Peffer, Paprika
6 Figen
150 g Sibiu Salami
Sonneblummekären
Et ginn 2 Etappen.
Fir d’éischt all d‘Flëssegkeeten zesummevermëschen, duerno all déi aner Saachen drënner hiewen.
Déi 2 Eeër opklappen, d’Mëllech an den Ueleg drënnermëschen.
Dann d’Miel, de Backpulver, de Peffer, d’Salz an de Paprika driwwer streeën a vermëschen.
D’Figen an de Salami a kleng Stécker schneiden.
Zum Schluss d’Figen an de Salami bei den Deeg ginn.
De Mix a kleng Bakforme schëdden an d‘Sonnenblummekärendrop verdeelen.
Bei 200 Grad 45-60 Minutte baken.
Gromperekichelcher
Some people call them Gromperekichelcher, some others Latkes.
They’re delicious, you might have tried them at the Schouberfouer
Perfect with a yogurt & garlic sauce.
My recipe doesn’t include garlic, only onion.
Below you can find the recipe of the Luxembourgish Gromperekichelcher, enjoy!
Recipe thanks to Lycée technique hotelier Alexis-Heck and Visit Luxembourg
Ingredients:
1500g potatoes
100g shallots
30g garlic
100g butter
50g flour
5 eggs
200ml oil
q.s. parsley
q.s. salt, ground pepper
q.s. nutmeg
Directions
skin and wash potatoes
grate raw potatoes
add chopped shallots, crushed garlic and chopped parsley
fold eggs into the mixture
blend and season
add flour
sauté the patties in a saucepan in hot oil
Trüffen
Nelodya
Dir braucht:
200 g Dessertsschockela
100 g Botter
1 Iessläffel Pudderzocker
Kakao
PREPARATIOUN:
(Virbereedung: 15 min
Kachen: 5 min
Aarbechtszäit: 2 Stonnen)
1. Briecht de Schockela a kleng Stécker a gitt e mam kleng geschniddene Botter an eng Schossel
2. Schmëlzt dat Ganzt am „bain-marie“, bis Dir eng glat Mëschung kritt.
3. Füügt de Pudderzocker bäi.
4. Alles gutt vermëschen.
5. Loosst déi Mass ongeféier 1 Stonn am Frigo stoen.
6. Schëtt eng déck Schicht vu Kakao an eng Schossel.
7. Duerno mat engem Téiläffel aus der Schokelasmass séierkleng Bullen dréien an an d’Schossel mam Kakao leeën.
8. Rëselt d‘Schossel virsiichteg, sou dass d'Trüffele gutt mat Kakao bedeckt sinn.
9. Stellt d’Trüffen op d'mannst 1 Stonn an de Frigo.
10. Elo si se fäerdeg! Dir kënnt se Äre Gäscht zerwéieren. Si wäerten hinnen am Mond schmëlzen. Yum!
No comments
Post a Comment